Missioun : Haïti II/II
Publié le mercredi 19 mai 2010, 15:03 - Coups de chapeau - Lien permanent
- Article
- |
- Commentaires(0)
- |
- Fichiers attachés(0)
Tëschent der Arrivée zu Port-au-Prince a sengem Départ e puer Deeg méi spéit, huet d’Mandy en aussergewéinlechen Asaz erlieft, iwwert dee mer méi wollte wëssen. D’Organisatioun, dat erlieft, seng Impressiounen…
Lëtzebuergesch - français
Éischten Deel vum Interview liesen
No der Landung, wéi ass et do weidergaang?
Dat éischt wat mer begéint hu wor d’Press… Du si mer ons mol direkt umellë gaang. Di Jonge vum Reception Desk, di haten och näischt. Ee mini Sall mat 2 Këschten am Flughafen an ee Laptop. Eisen Teamleader huet dunn op ee Stéck Pabeier den Numm vun eiser Equipe geschriwwen mat wéivill Leit an Hënn mir op der Plaz sinn an eis Nummer vum Satelittentelephon. Mir aner hu gekuckt datt eist Gepäck ausgeluede gouf an op di richteg Plaz komm ass, an d’Jonge vun der Hondsstaffel sinn an de Frachtraum no hiren Hënn kucke gaang. D’Amerikaner haten d’Soen op der Plaz. Jiddefall hu mer du mol ausgelueden, an hunn onse Camp do opgeriicht wou si ons gewisen hunn. Op enger Wiss direkt niewent der Landepist, et wor ee klenge Flughafe, hu mer ons Zelter opgeschloen. Do wore keng Duschen, keng Toiletten, näischt. Mir haten 1 Mann-Zelter, mee mir hu jo och eist Material missen ënnerbréngen, dat heescht mir wore jeeweils 2 pro Zelt. Mir haaten och Feldbetter matbruecht, mee di hunn net an d’Zelter gepasst, also hu mer um Buedem geschlof, op Decken. De Flughaafe selwer wor deels futti an net méi a Betrib. D’Amerikaner hunn dat um Buedem geregelt. Et wor alles komplett ofgeséchert. D’Land wor am Ausnamezoustand. Et woren net direkt Camionen disponibel fir d’Hëllefskräften op d’Plazen ze féieren. Dat gouf alles vum OSOCC (On Site Coordination Center) du mol organiséiert.
Konnt der dunn awer mol e bëssë schlofe?
Schlofe wor net méiglech, niewent der Landepist. All Minutt ass eng Maschinn geland. Di grouss Propellermaschinnen hunn hir Probeller guer net ausgeschalt fir direkt nom auslueden rëm kënne fort ze fléien. Och d’Hënn wore midd, a wéi gesot et woren 36 Grad dohannen, do musse Mënsch an Déier sech mol dru gewinnen. Eisen Teamleader an de Chef vun der Équipe Croix Rouge si mat engem Jeep an di amerikanesch Ambassade gefuer. Di wore ganz hëllefsbereet. De Rescht vun der Équipe huet d’Campplaz fäerdeg opgeriicht. Um 4 Auer moies hu mer eis prett gemaach fir raus op den Terrain. Um 6 wor e klengë Briefing, wéi all Dag. De Briefing wor ëmmer moies ier d’ Équipen raus goungen, an owes wan rëm jiddereen op der Campplaz wor.
An du si der op den Terrain gefuer?
Géint 7 halwer 8 si mer dunn, mat Begleedung vu jordansche Blohelmer, fort gefuer. Déi woren natierlech bewaffnet. Di éischt puer Meter hunn ech geduecht, tiens, sou schlëmm ass et jo guer net…mee du wore mer schnell an der Realitéit. Vill Haiser wore futti, lauter Trümmer op der Strooss. Total iwwerlaafen Tankstelle well néierens méi Waasser oder Benzin ze fanne wor, mee komescherweis sinn awer nach vill Gefierer do ronderëm gefuer. Virun allem hir Taxi’en sinn engem direkt opgefall, well di all ganz faarweg sinn. Eisen éischten Asaz wor e 4 stäckegë Supermraché deen agefall wor. Mee mir konnte kee lieweg biergen.
An duerno?
Bon et gëtt jo alles pro Area ofgesicht, nom Supermarché wore mer bei eng Schoul wou 200 Erwuessener an Owescourse woren. Ech wor mat enger Persoun vun der Hondsstaffel vun der Protection civile ënnerwee. Mir hunn ons géigesäiteg gehollef an ënnerstëtzt. Iwwerhaapt wor et en immenst Team, eng Équipe wou jiddereen un engem Strang gezunn huet a mer all een Zil virun Aan haten, de Leit hëllefen. Mee och di Leit dohanne woren immens léiw an hëllefsbereet a mir konnten, mat hirer Ënnerstëtzung, a Rou schaffen. Een Hond gung mat sengem Hondsmeeschter vir an ech an de Kolleg hannendrun, mir hu probéiert iergendwou Schlitzer oder Lächer ze siche fir bei d’Leit ze kommen. Un d’Astuerzgefohr däerfs de dee Moment guer net denken. Mais och do, trotz all onse Beméiungen, konnte mer kee méi lieweg raus huelen.
Si der do just zu 2 gewiescht?
Nee, op dem Chantier wor ech vum HIT do, 2 Leit vun der Hondsstaffel Protection civile, 1 Hond, an 2 Leit vun der Croix rouge, och mat engem Hond. Kanadier hu vun enger anerer Säit deeselwechte Chantier och mat Hënn duerchsicht. De Rescht vun eiser Équipe wor beim Camion während di aner geschafft hunn. Bei deenen Temperature muss ee sech Leit an Hënn gutt andeelen. Di eng schaffe während di aner raschten, an da gin Équipen an Hënn jee no Belaaschtung ofgewiesselt. Den Hond packt et eng 30-40 Minutten, di Aarbecht ass ganz ustrengend.
Et kommen dann natierlech och Leit bei de Camion fir Waasser oder Iessen ze froen. Et erkennt een net un engem wäisse Camion ob di Liewensmëttel ausdeelen oder op dat Hëllefskräften sinn. Mir haten awer leider just Waasser fir eis an eis Hënn dobäi a konnten näischt raus ginn.
An du si der zréck an de Camp gefuer?
Jo, et muss ee wëssen datt ee vill Zäit gebraucht huet fir sief et nëmmen e puer Kilometer mam Camion ze man, well ebe vill futti wor, oder Trümmer an der Strooss loungen. D’ Équipen sollten ëmmer owes rëm um Camp si wann et däischter ass. An eben och fir de Briefing datt all Équipe ëmmer di neisten Informatiounen hunn, an datt een och dem OSOCC ka matdeelen, wat ee gesinn huet a wéivill lieweg an doudeg Persounen ee fonnt huet. Duerno hu mer eppes giess (eng kal C-Ratioun), obwuel eigentlech hat ee keen Honger. An dann ë bëssë raschte bis 4 Auer moies. Schlofe konnt een net wierklech, well et wor ëmmer Kaméidi vu Militärgefierer, Fligeren, Helikopteren an et goufen der ëmmer méi, a méi Logistik op der Plaz. Et gouf quasi alles u Gefierer geholl wat ee konnt kréien, op verschidden Caminon’en wor souguer einfach mat der Spraydous UN oder Police dropgeschriwwe ginn.
An den Dag duerno?
Den 3.Dag si mer mat indësche Blohelmer an enger Équipe aus Jamaika raus gefuer. Do si mer mol fir t’éischt gud duerchgerëselt ginn am Camion. Wann een sou rausfiert gesäit ee ganz vill Läichen. Verschidde Leit hunn och ugefaang di Läichen ze raumen an op eng aner Plaz ze feieren. An dee Geroch, deen ass sou penetrant an eekleg, dat ass mat näischt ze vergläichen, do hëlleft och kee Mask.
A wann een da Leit um Chantier fonnt huet?
Da gëtt ee Bescheed, mee di meescht kriss de net direkt raus. Wann d’Leit nach liewe gëtt alles dru gesat fir se ze biergen. Wann d’Leit dout si gëtt opgeschriwwe wou se sinn, fir datt se zu engem spéideren Zäitpunkt kënne gebuerge ginn. D’Sich no Iwwerliewender huet Virrang, well do zielt all Stonn. Mee och wa mer keng Leit méi lieweg rausgeholl hunn, muss ee soen datt d’Leit dohanne fuerchtbar dankbar woren datt mir gehollef hunn. A wann et och nëmmë wor fir hinnen ze soen datt d’Leit leider net méi liewen. Si woussten doduerch wéinstens, datt hir Famill oder Frënn net méi ënner den Trümmer leiden.
An an de Stroossen, wat huet een do soss nach gesinn?
D’Leit woren all op der Strooss, och déi di nach en Daach iwwert dem Kapp haten, well se Noobiewen gefaart hunn. Mir haten och selwer nach Noobiewen gespiert. Op de Stroosse woren iwwerall Zelter, wéi gesot, et wor kee méi an den Haiser. Di eng hunn nach no Famill gesicht, di aner woren op der Sich no Iessen a Waasser fir Famill déi iwwerliewt huet ze ernären. Anerer hu probéiert mat Bussen an aner Géigende bei Famill ze fueren déi net vum Äerdbiewe betraff woren.
An de 4. Dag?
Do wore mer bei enger Klinik, an enger Universitéit. Schonn andeems ee mam Camion duerch d’Stroesse gefuer ass, huet ee well deen ellene Geroch matkritt vun de Läichen. Duerno wore mer bei enger Annexe vun der Uni. Bis virun e puer Stonnen hunn do nach 7 Leit geliewt. Mir hunn dunn alles dru gesaat fir déi Leit kënnen ze biergen. Mir hu schwéiert Geschir gebraucht, an een Haïtianer huet eis spontan seng Hëllef ugebueden an ass Heem e Grupp an en Hilti siche gang. Nëmmen doduerch konnte mer e Lach duerch de Buedem vum Klassesall ma fir mat der Kamera ënnendrënner ze sichen. Op der Plaz hu mer mat eise Kollegë vu Jamaica geschafft, mat deenen mer moies rausgefuer sinn. Wi scho gesot, d’Leit an d’Team, dat huet alles immens geklappt. Mir haten och do e Noobiwen vun 4,6 op der Richterskala. Ronderëm eis stoungen bestëmmt 100 Haïtianer di nogekuckt hunn, wat mer maachen, awer ganz fein, ouni eis Aarbechten ze behënneren. Iwwert eis woren Helikopteren di vill Kaméidi gemaach hunn a vill opwirbelt hunn. Wéi gesot wéi d’Noobiewen komm ass, e ganzt komescht Gefill iwweregens an net direkt als dat ze erkennen, eben duerch de Kaméidi vun Helikopteren an anere Saachen.… hunn d’Haïtianer opeemool all ugefaang mat fortlafen. Dunn huet de Buedem richteg geziddert a mir konnte séier nach per Funk eise Leit am Gebai bescheed soë, fir raus ze kommen. T’ass alles gutt gaang. An der Tëschenzäit wor de Flughaafen total voll, rieseg Fliegeren vun der US Air Force, Panzeren, russesch Fligeren, Coast Guard, Venezuela, Brasilien vun iwwerall. A vill Blohelmer, Fligeren di am 30 Sekonnen-Takt geland, gestart sinn. Do wor vu Schlof definitiv keng riets méi. Nom 2. Dag haten d’Amerikaner och e Flugzeugträger un der Küst mat 12 Helikopter. Iwwer 1000 Hëllefskräften an 100 Hënn woren op der Plaz. A permanent sinn nach nei Équipen ukomm. Owes hate mer eis e bëssë Waasser (keen Drénkwaasser) organiséiert fir ons ze wäschen, a mer hunn d’Hillary Clinton gesinn. Well mir direkt niewent den Amerikaner lounge wore mer ganz nobäi. Mir stoungen an der éischter Rei, direkt niewent de Special Agents vum Hillary Clinton…a mir hunn gesinn dat se bannendra kal Cola haten. Wat hätt ech fir sou eng ginn…☺
Hat der Kontakt mat heiheem?
Jo, all Dag, mam Satelittentelephon an d’Protection civile huet all Dag der Famill Bescheed ginn. Déi Zesummenaarbecht wor iwweregens och excellent. Et huet een alt mol probéiert en sms ze schécken, mee di sinn nemme seelen duerchgaang. Dat ganzt Netz wor jo zesummegebrach.D’ Amerikaner hunn direkt ugefaang drun ze schaffen, mee dat brauch och puer Deeg bis dat rëm bëssë steet.
A du goung et rëm heem?
Normalerweis ass no 72 Stonne bal keng Chance méi nach Leit lieweg ze fannen, och wann der zu Haïti nach ganz spéit fonnt goufen. Et muss een awer soen datt di Leit entweder vun anere Leit mat Wasser versuergt goufen oder duerch Zoufall eppes an der noen Ëmgéigend leien haten fir ze drénken. Di international Regel sinn 72 Stonnen, d’Belsch sinn heem geflunn a vu datt mer mat hinne komm sinn, si mer no Récksprooch mat der Direktioun vun der ASS (Administration des Services de Secours) dunn och mat hinnen iwer d’Dominikanesch Republik heem geflunn.
D’ Belgian Air Force huet eis dunn op Bréissel bruecht. Do si mer vun der Press an eiser Directioun vun der ASS empfaang ginn. D’ Équipen vu Lëntgen hat eis Bréidercher gemaach, an Uebst a Schokola matbruecht, …a Cola. Nodeems mer du bei dem Belgen Roudë Kraiz nach hu missen Pabeiren ausfëllen, ass et du mam Bus heem gaang. Géint Mëtternuecht wore mer zu Lëntgen wou eis Famillen a Frënn op eis gewaart hunn. An et wor nach e klengen Debriefing mam Minister Halsdorf an der Ministesch Jacobs, grad sou wi mat dem Här Feider, Direkter vun der ASS, an dem Här Crochet vun der Croix Rouge. Duerno séier heem an eng gutt Dusch. Et ass ee sech do mol rëm bewosst ginn, wéi gutt een et huet, a wéi wichteg engem sou Saache wéi fléissend Wassser, Iessen, Stroum an e Bett dach sinn. Mir haten och e Gruppendebriefing mat der Unité de Support Psychologique (USP) vun der Protection civile wou mer eng Kéier iwwert dat Erliwte geschwat hunn. Falls iergendeen e Problem hätt, hu mer Telefonsnummere kritt wou mer mat deene Leit kennë schwätzen oder e Rendezvous man. Mee dat asd jidderengem perséinlech iwwerlooss, op en dat an Usproch wëll huelen oder net. Ech wor am Gruppendebriefing. Ech hu keen Eenzelgespréich an Usproch geholl well ech meng Manéier hunn, fir domatter ëmzegoen. Ech ma meng Asätz hei am Land och sou. Drécken sou eng Art Knäppchen, Privatliewen ofschalten, 120 % am Asaz ginn, an duerno rëm de Knäppchen drécken. Sécherlech et schléift een net ëmmer direkt duerno, oder et erënnert ee sech heiansdo u Saachen, mee et klappt ganz gutt.
Article modifié le mardi 01 juin 2010, 16:08




Derniers commentaires