Missioun : Haïti I/II
Publié le mercredi 12 mai 2010, 14:57 - Coups de chapeau - Lien permanent
- Article
- |
- Commentaires(0)
- |
- Fichiers attachés(0)
12. Januar 2010. 16h53. D’Seismographen op der Welt schloen Alarm. Et gouf e Biewe vu 7,3 op der Richterskala. Zu Haïti.
13. Januar 2010. 12h05. Zu Péiteng/Lëtzebuerg. Dem Mandy Fautsch säi Piipsert geet. D’Mandy, Pompjee, Sauveteur, Ambulancier, Member vum HIT (Humanitarian Intervention Team) gëtt an den Déngscht geruff.
Lëtzebuergesch - français
Wéi kënnt et eigentlech datt’s de fir deen Asaz geruff goufs?
Ech si Member vun engem speziellë Grupp vun der Protection civile (Humanitarian Intervention Team). Ech si Pompjee, Sauveteur an Ambulancier an hunn um EU-Niveau eng Formatioun fir a Krisegebidder ze fueren. An ech hunn e verständnisvolle Patron de mech an den Asaz fuere gelooss huet.
Wéini a wou bass de gewuer ginn datt’s de an den Asaz op Haiti muss?
Et wor 5 op12, ech wor nach bei enger Aarbechtskollegin zu Péiteng, wou bemol de Piipsert goung.
Has de der dat erwaart?
Ech hat um Radio héiere wat op Haïti geschitt ass, mee ech hu mer geduecht dat ass ze wäit ewech do gett den Grupp HIT net geruff. Obwuel, op Haïti an den Asaatz, daat wier jo net schlecht - eng Erausfuerderung
Wat wor däin éischtë Gedanken?
Ech wor e bëssen erféiert, den éischte Moment nervös, an hunn dunn direkt iwwerluecht weem ech lo misst uruffen, wat ech lo alles muss organiséiren…
Wéi laang Zäit has de tëschent der Annonce an dem Décollage vum Fliger?
Piipsert goung um 12, de Rendezvous zu Lëntgen wor fir 3 Auer. Ech hat also knapps 3 Stonnen Zäit fir op Woolz ze fueren, meng Saachen ze packen, an op Lëntgen ze fueren. Do goufe mer dun geimpft, Pabeieren ausgefëllt, Material an de Camion gepak. Géint 17:30 sin mer am Convoi vu Lëntgen op Bréissel op de Militärflughafen gefuer.
Wat hues de do dertëschent gemaach, weem hues de ugeruff, wat hues de missen organiséiren?
Ech hu fir d’éischt mengem Chef ugeruff, well ech jo säin ok gebraucht hunn, dunn den Aarbechtskollegen, fir dat a mengem CIG alles klappt, dem President vum CIG, mengem Papp dat hie meng Katze versuergt, dem Kommandant an dem Zenterchef fir meng Permanencen ofzeginn datt si kënnen en Ersatz sichen, puer Frënn a Famill…bestëmmt 20 Uriff.
Wéi hunn d’Leit deenen’s de ugeruff hues oder begéint bass réagéiert?
Di meescht hu gesot datt ech soll op mech oppassen a mäi bescht soll man. E puer Leit woren e bëssen neidesch well si och wollten hëllefe goen, mee jiddereen huet probéiert mech moralesch ze ënnerstëtzen.
An dunn ass d’Virbereedung lass gaang?
Jo, nodeem ech Bescheed gesot hat, datt ech bereet wier fir mat (12:15) do wor et net méi fir e Réckzieher ze man. Dat wichtegst wor awer, datt ech wousst datt mat menger Schaff alles ok ass. Bon an dunn hunn ech schnell misse vu Péiteng heem op Woolz, alles huet misse schnell goen. Schnell heem, schnell paken, nach eng lescht Kéier an d’Bidden, schnell eppes giess, a lass. Mee fir ze paken, dat wor guer net sou einfach. Mir si limitéiert op ee Marinesack an ee Rucksack, do muss ee gud iwwerleeë wat ee mathëlt. Ech hat kuerz op Lëntgen ugeruff fir ze froe wat di aner sou mathuelen, an dun krut ech matgedeelt datt ech Deputy Team Leader vun eisem Grupp sinn. Ech hu virun allem un Ersatzkleeder geduecht well ech mer scho konnt virstellen datt ech dohanne vill Blutt an Dreck wäert begéinen, obwuel ech nach kee Bild gesinn hat. En plus wousst ech datt dohannen em di 36 Grad sinn, bei ons woren dunn nach Minustemperaturen…do hunn ech mol niewent Asaatzkleedung och eng kuerz Box an T-shirten agepak. Leider wor vill Zäit mat deene Virbereedungen drop gaang sou datt ech eigentlech keng Zäit hat fir Fernseh ze kucken, éischt Biller ze gesinn oder mech via Internet ze renseignéiren iwwert di wichtegst Eckdate vun Haïti.
Wou’s de bis zu Lëntgen bei der Protection civile wors, wéi ass et do weidergaang?
Fir éischt mol d’Équipe kennëgeléiert di lo schlussendlech matfueren: 11 Leit vun der Protection civile (HIT an Hondsstaffel) mat 4 Hënn a 6 Leit vun der Croix Rouge mat 3 Hënn.
Material an eist Gepäck sinn an de Camion geluede ginn, grad sou wéi Waasser an Iessen. Fir z’iessen haate mer C-Ratiounen vun der Arméi, daat si sou ageschweesten Päck di 10 Joër haltbar sinn wou sou eppes wi Brout, Gebeess, Ravioli, Vitaminnen asw dra sinn. Et wor guer net sou schlecht.
Dann hu mer nach eng Lëscht mat onse Kontakter hei am Land opgestallt a goufen nach schnell geimpft… D’Malariapelle krute mer mat an dunn ass et lass gaang, zu 17 Mann an 7 Hënn op Bréissel.
Ënnerwee am Bus hu mer Info Material iwwer Haïti duerchgeliest.
Sou richteg realiséiert wat op mech duer kennt hat ech bis dohinner nach net. Ech mengen dat kann ee sech och net am viraus virstellen.
Zu Bréissel ukomm…?
Do stoung schonn alles voll Press, di woren iwwerall…dat wor lästeg. Material agecheckt, eise Pass gewisen, an du si mer op de Briefing gaang. Di erklären der dann mol safety a security rules: ni ouni Blohelmer raus, net eleng fueren, ni déiselwecht Zäit eraus fueren, ni eleng oder zu 2 éierens hi goen. Ëmmer Bescheed soen, am beschten ëmmer am Grupp zesumme bleiwen, Owes soll ee guer net aus dem Camp an an an…
Mam Militärfliger vun der Belgian Air Force op Halifax tanken, dat woren 2 Stonnen Openthalt. A dunn op Port-au-Prince. Mir konnten nët direkt landen a mir hu misse bal 3 Stonnen a klenge Kreeser iwwer de Militärfluchhafen dréinen.
D’Arrivée?
Majo um Militärfluchhafen Toussaint-Louverture. Alt rëm Press, alles voll!
Article modifié le mardi 25 mai 2010, 14:44





Derniers commentaires