De Robert Rings, President vum CIGL Suessem, iwwert d’Economie solidaire
Publié le mercredi 29 juillet 2009, 16:54 - Luxembourg - Lien permanent
- Article
- |
- Commentaires(0)
- |
- Fichiers attachés(0)
Wat ass fir Dech Economie solidaire?
Economie solidaire ass fir mech een Deel vun der allgemenger Ekonomie, deen sech méi ëm Leit bekëmmert, déi an der “normaler” Ekonomie nach net oder net méi konnte Fouss faassen, aus iergendenger Ursaach Hëllef, eng speziell Betreiung oder soss Ënnerstëtzung brauchen.
Den zweeten Aspekt ass deen, dass de Begrëff jo eppes mat Solidaritéit ze dinn huet. Solidaritéit an der Gesellschaft, dat heescht vis-à-vis vun anere Leit, vun anere Mënschen. Als Beispill kënne mer hei de Service de proximité huelen, wou eng Persoun enger anerer hëlleft. Déi Hëllef berout op Géigesäitegkeet an doduerch droe mer zu enger méi mënschlecher Gesellschaft bäi, wat ouni d’Economie solidaire sëcher net de Fall wier.
Wichteg ass bei der Solidarwirtschaft, dass et net einfach Beschäftegung ass mee, dass et méi ee Sichen ass no Aarbechten déi bis elo nach keen entdeckt huet.
Wéi a wou gesäis Du d’Economie solidaire zu Lëtzebuerg?
Ouni elo Expert am Thema ze sinn, ass de CIGL fir mech déi direkt a konkret Ëmsetzung vun der Solidarwirtschaft zu Lëtzebuerg. Mir kënnen do enger Rei Leit, déi nach net oder net méi konnte Fouss faassen um Aarbechtsmaart, eng Aarbecht proposéieren leider deelweis nëmmen op Zäit, mee ëmmerhin eng sënnvoll Aarbecht déi op enger reell existéierender Demande aus der Bevölkerung baséiert.
Während deenen Aarbechten sinn och Formatioune méiglech an erwënscht an och eng perséinlech Begleedung déi an der “normaler” Wirtschaft oft net méiglech ass, kann awer hei garantéiert ginn.
A wat fir engem Kontext hues Du fir d’éischt dovun héieren ?
Ech wees net, ob mer wéi mer virun 10 Joer zu Suessem ugefaangen hunn, schon an deem Sënn den Ausdrock Solidarwirtschaft benotzt hunn. Ech wees awer, dass mer am Laf vun de Joren regelméisseg am CIGL doriwwer geschwat hunn an dass mer eis op deem Wee aktiv mat der Matière ausernee gesat hunn.
Den 3. ekonomësche Pilier, Realitéit oder dat fënneft Rad um Won ?
Als 3. Pilier si mer am Moment quantitativ net mat der “anerer” Ekonomie vergläichbar an dat ass och guer net wichteg. Onofhängeg dovun, wéivill Prozent mer vum nationalen PIB ausmaachen, zielt fir mech, dass d’Solidarwirtschaft wichteg ass, dass se entscheedent zum sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft bäidréit an, dass et menger Meenung no vill méi gesellschaftlech Problemer géife ginn, wann eis Bestriewungen net do wieren.
Wéi kann een Denger Meenung no dës Beweegung nohalteg ënnerstetzen ?
Andeems mer eis Aktivitéiten iwwerall do ausbauen, wou et méiglech ass. Do gëtt et nach e ganze Koup Felder déi ze beackere sinn, am Beräich vun der Education citoyenne, der Nohaltegkeet, der Chancegläichheet, Servicer um Bierger an esou weider.
Dofir brauch ee finanziell Mëttelen aus verschiddene Quellen, vill Fantasie a Kreativitéit an natierlech Leit mat engem groussen Engagement déi sech fir déi Iddi mat Nodrock asetzen. Ech denken do u Leit déi dat haaptberufflech maachen, awer och un eis Benevolen. Zesummen solle mer no neie Felder sichen, op deenen nach sënnvoll Aarbecht ka geleescht ginn déi bis elo nach keen entdeckt huet.
D’Froen hunn d’Eliane Weber an de Matthias Perl gestallt. 08.09.2008
Article modifié le mardi 29 novembre 2011, 08:26




Derniers commentaires