Aller au contenu | Aller au menu | Aller à la recherche

De Pierre Mellina, President vum CIGL Péiteng a Buergermeeschter, iwwert d’Economie solidaire

Wat ass fir Dech Eco­no­mie soli­daire?

Et sinn 2 Vole­ten: éisch­tens ass et wich­teg, dass d’Leit opge­fange kënne ginn, déi keng Aar­becht hunn, beson­nesch an dëser sch­wie­re­ger wirt­schaft­le­cher Situa­tioun. An zwee­tens ee posi­ti­ven Apport fir d’Awun­ner an der Gemeng brén­gen, haaptsä­chlech deene sch­waa­che Mat­bier­ger eng Hël­lef unze­bid­den, zum Beis­pill behën­ner­ten, eele­ren oder kranke Leit.

Wéi a wou gesäis Du d’Eco­no­mie soli­daire zu Lët­ze­buerg?

D’öffent­lech Hand muss mat age­bonne ginn, mee och de pri­vate Sec­teur an d’Bevöl­ke­rung. Ech gesinn se wei­de­rhin do wou se am Moment ëmge­sat gëtt, näm­lech um lokale Niveau.

Wou gesäis Du hir Stärk­ten an hir Schwäch­ten?

Zu de Stärk­ten zielt, de Leit ze hël­le­fen, inte­res­sant Pro­je­ten ze rea­li­séie­ren, For­ma­tiou­nen, res­pek­tiv Pers­pek­ti­ven unze­bid­den fir Leit, déi Pro­ble­mer hunn um Aar­bechts­maart Fouss ze faas­sen.

Zu de Schwäch­ten zielt, dass ee lei­der net all Mën­sch hël­lefe kann an, dass de Finan­ze­ment muss wei­de­rhin garan­téiert ginn, beson­nesch an deem sch­wie­re­gen eko­no­mes­chen Ëmfeld wou mer sinn.

Den 3. eko­no­mes­che Pilier, Rea­li­téit oder awer nëm­men dat fën­neft Rad um Won?

Et ass geféier­lech, wann d’Eco­no­mie soli­daire dat fën­neft Rad bleift an déi wäert­voll Aar­becht net déi Uner­ken­nung kritt, déi se ver­déngt. Ech wën­sche mir, dass den 3. Pilier Rea­li­téit gëtt.

Wéi kann een dén­ger Mee­nung no dës Bewee­gung nohal­teg ënners­tet­zen ?

Eemol gene­rell defi­néie­ren, wat an deen 3. Pilier era­ge­héiert an zwee­tens fir d’Akzep­tanz vun der Eco­no­mie soli­daire suer­gen an se net ëmmer ërem a Fro stel­len.

D’Froen huet de Mat­thias Perl ges­tallt. 16.07.2009

Article modifié le mardi 29 novembre 2011, 08:26

Auteur: Sandy Rodrigues

Restez au courant de l'actualité et abonnez-vous au Flux RSS de cette catégorie


Soyez le premier à réagir sur cet article

Ajouter un commentaire Fil des commentaires de ce billet

aucune annexe



Voir aussi

Le citoyen-actionnaire

Tout va bien dans le monde féérique du nouveau ministre de l’économie Etienne Schneider. Selon lui, le Luxembourg serait une entreprise et les citoyens ses actionnaires. Non, je n’ai pas rêvé. Il l’a...

Lire la suite

« Le Monde en doc » à la Cinémathèque: coup d’envoi pour un nouveau rendez-vous du documentaire qui stimule la pensée

ATTAC Luxembourg, ETIKA et la Cinémathèque de la Ville de Luxembourg programment une série de documentaires mettant en perspective les causes et les remèdes à apporter face à la crise du système...

Lire la suite